Lëtzebuerg op 9. Plaz: Wéi glécklech sinn d'Lëtzebuerger wierklech?
Am Mäerz huet den amerikaneschen "Gallup Institute" déi 11. Editioun vum sougenannten "World Happiness Report" publizéiert.
Am Ganze sinn 137 Länner weltwäit opgelëscht vum glécklechste bis zum onglécklechste Land. Fir dëse Klassement opzestellen, baséiert de "Gallup Institute" sech op verschidde Krittären: de sougenannte "Gross Domestic Product", kuerz GDP, deen d'Gréisst an Effikassitéit vun der Ekonomie vun engem Land beschreift, de soziale Support, déi physesch a mental Gesondheet vun den Awunner, d'Fräiheet vun den Awunner fir selwer Decisiounen iwwer hiert Liewen ze treffen, Generositéit an d'Visibilitéit vun der Korruptioun. Dës Weidere ginn Ëmfroe mat Leit gemaach, déi an ënnerschiddleche Länner weltwäit wunnen, an déi hiert Liewen op enger Skala vun 1 bis 10 astufe sollen.
Dës Informatioune ginn dann all Joer zu engem "World Happiness Report" zesummegefaasst. Den éischte Rapport koum 2012 eraus a Lëtzebuerg war deemools op der 16. Plaz gelëscht. Zanterhier ass de Grand-Duché konstant geklommen an huet et am virege Rapport souguer bis op Plaz 6 gepackt.
Dëst Joer huet Lëtzebuerg déi 9. Plaz ageholl. Iwwer déi lescht Jore ware Länner ewéi Finnland, Dänemark, Island an d'Schwäiz ëmmer immens héich gelëscht an dorunner huet sech am Rapport vun dësem Joer och näischt geännert. Finnland behält weiderhin d'1. Plaz, virun Dänemark an Island. Schweden ass op der Plaz 6 an Norwegen steet op der 7. Plaz. Déi lescht Plazen hu Sierra Leone, de Libanon an Afghanistan ageholl.
Mir hunn de Bols op der Strooss gefillt a bei de Leit nogefrot, wéi glécklech si d'Lëtzebuerger aschätzen.