Wéi Uniqlo matdeelt, wäert een d'Gebailechkeeten an der Groussgaass, an deene virdrun den Zara dra war, iwwerhuelen.

Uniqlo wäert seng Dieren an der Groussgaass op der Nummer 22 am Hierscht opmaachen. Zara war bis de Juni 2021 hei aktiv, schreift de Paperjam.

Bis ewell gouf et nach keen Uniqlo-Buttek am Grand-Duché, dofir awer scho fënnef am Benelux. Dëst d'Geschäft an der Stad wäert op dräi Stäck entstoen an eng Surface vu ronn 950 Quadratmeter hunn. Hei fënnt een da Kleeder fir Fraen, Männer a Kanner.