Seelene Wiederphenomen am Norde vu Lëtzebuerg observéiert

E Lieser huet eis en Donneschdeg Fotoe vun engem exzeptionelle Wiederphenomen zougeschéckt, deen iwwert der Buerg Branebuerg zu Tandel ze gesi war.
Iwwert der Buerg war en Donneschdeg am Nomëtteg ee sougenannten "Halo" ze gesinn - e Krees, dee sech ronderëm d'Sonn leet, an ausgesi kann, wéi e Reebou. Ofhängeg vu verschiddene Facteure kann een Halo wäiss bis faarweg sinn.
Zustane kënnt dëse Phenomen, an deem d'Sonn vun engem klengen Hellegeschäin ëmginn ass, wa sech d'Luucht un Äiskristaller a ganz dënnen an héich geleeënen Wolleke brécht. Dacks geschitt dat bei sougenannte Cirrus- oder Cirrostratus-Wolleken, déi an aacht bis 12 Kilometer Héicht leien.
Och wann et fir dëse Krees-Reebou eng dënn Couche Äisniwwel braucht, trëtt d'Phenomen awer onofhängeg vum Wieder op. D'Wolleken, an deenen d'Äiskristaller virkommen, leien nämlech esou héich, datt et do ëmmer ganz kal ass.
D'Form an d'Intensitéit vun engem Halo ass allerdéngs vum Stand vun der Sonn ofhängeg. U sech sinn Haloen och guer net esou seelen - se sinn dacks just net intensiv genuch, fir opzefalen. Souguer ronderëm de Mound kënnen Halos entstoen. Déi ginn et allerdéngs just am wäissen a si sinn an der Reegel nach méi schwéier ze erkennen.