Self eSTEAM Challenge ’23: "Water Cycle", den neien Defi aus der Pizzakëscht

Dir kënnt Iech bestëmmt nach drun erënneren. dass et dat lescht Joer vu make it asbl e Set gouf, fir zesummen ze bastelen. D’Zil vun dësem Concours war et, e Roboter ze bauen, dee vum selwe fuere kann an deen duerch seng Füler verschidden Hindernisser aus dem Wee goe kann. Abee dëst Joer geet et bei der Challenge ëm eng vun de wäertvollste Ressourcen: D'Waasser.
Wéi kommen ech u mäi gratis Self eSteam-Kit?
Alles wat Dir braucht, ass de Self eSteam-Kit, e Schrauwenzéier an eppes, fir ze schneiden an ze pechen. Et kann ee bei der Challenge eleng oder an enger Grupp tëscht 2 bis 4 Leit matmaachen.
Äre Kit kënnt Dir op deenen Deeg ofhuelen:
– 28.04., 14-17:00h @Lënster Lycee Junglinster
– 29.04., 10-14:00h @Rosport Musée Tudor/Mairie
– 04.05., 13-17:00h @CNFPC Esch/Alzette
D’Iwwersiicht vun all den Deeg fannt Dir hei.
Wéi fänken ech u mat Bauen?

Déi néideg Bausätz sinn alleguerten am Kit dran.
Wann et net direkt funktionéiert, maacht Iech kee Kapp, kuckt am beschten nach eng Kéier alles duerch, ob d’Kabele richteg zesummegesat sinn, oder ob villäicht eng Verbindung net klappt.
Wat maachen, wann et wierklech net geet?
Hei kënnt Dir Iech d’Aarbechtsheft eroflueden. Do fannt Dir alleguerten d’Schrëtt déi ee fir de Bauprozess brauch an natierlech och eng sëllegen Tipps.
D’Aarbechtsheft elo downloaden
Hei ass awer och nach e klenge Video-Tutorial mat deem Dir all eenzel Schratt gewise kritt:
Eng perséinlech Berodung kritt Dir am Makerspace am CNFPC op 22 Rue Henri Koch zu Esch/Uelzecht. De Makershop ass all Donneschdeg vun 13:00 bis 17:00 Auer op.
E-mail: makerbuzz@makeit.lu
Telefon/WhatsApp: 661 822 800
Weider Informatioune kritt Dir ënnert: https://www.makeit.lu/