Am Live! Planet People goung et ëm jonk Talenter zu Bartreng, "Mutige Gedanken" an Jazz.

De Leo Folschette konnt een a "Gutland" oder "Bad Banks" als Acteur gesinn, an en ass och elo nees am Andy Bausch sengem Film "Little Duke" derbäi. De Chef vun "Televisioun Steinsel" huet och selwer schonn e puer Filmer gedréit, wéi "Luco" (1988) oder de Kurzfilm "Smoky Man" (2000). Säi Gesiicht kennt een awer och aus grousse Produktioune vum Govinda Van Maele oder dem Christian Schwochow, wou hien nieft Gréisste wéi der Vicky Krieps, der Désirée Nosbusch oder dem Frederick Lau gespillt huet. Am Andy Bausch sengem neiste Film ass hie mam Marco Lorenzini, Luc Feit an André Jung op der Affiche.

Den Arthur Ehlinger huet an der Pandemie den Triathlon fir sech entdeckt a preparéiert elo säin nächsten Ultra Trail iwwer 180 km. 2000 huet hie bei de Sport fonnt, nodeems hie Jorelaang léiwer Party gemaach huet. De Sport huet him och a schwéiere Momenter gehollef an op Instagram wëll hien elo e gutt Beispill fir anerer sinn. De Student vu Glasgow wëll seng eege Limitte kenne léieren.

De Coach Maurice Niesner freet sech op d'Luxembourg Open am Badminton vum 4. bis 7. Mee an der Coque. Spiller aus 50 Natioune gi sech erwaart, déi ënnerenaner ausmaachen, wien de Beschten ass. Ugemellt sinn och 2 Spiller aus den Top 50, den Alex Lanier aus Frankräich an den däitsche Spiller Samuel Hsiao. An all den Disziplinne sinn awer och Badmintonspiller aus Lëtzebuerg bei der zweeter Oplag vun de YONEX Luxembourg Open vertrueden.

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.