16.000 Plastiksinten an der Uelzecht
16.000 Inten sinn um 15 Auer e Samschdeg de Mëtteg an der Uelzecht beim Depart vun der 22. Editioun vum "Duck Race" lassgeschwommen.
Am Haff vun der Abtei Neimënster a ronderëm de Floss hu ganz vill Leit dem Spektakel vun der Intecourse nogekuckt. Eng gutt hallef Stonn huet de Spektakel gedauert. 5 Euro huet et kascht, fir eng Int an d'Waasser ze loossen.
Am Joer 2001 gouf déi éischten Editioun vum "Duck Race" organiséiert. Table Ronde ass fir d'Organisatioun responsabel. D'Suen, déi beim Inteverkaf erakommen, ginn all Joers fir e gudden Zweck gespent. 3 Organisatioune sinn et dëst Joer. All eenzel kritt tëscht 20.000 a 25.000 Euro un Donen.
Déi nächst Editioun vum "Duck Race" wäert dann den 20. Abrëll 2024 sinn.