Bekannt ass d'Met-Gala virun allem fir déi ausgefale Kreatiounen, an deene sech d'Stars a Stärercher all Joers getrei dem Motto vum Owend weisen.

E Méindeg den Owend war et zu New York nees esou wäit: de Met-Musée huet nees op hir glamouréis Gala gelueden.

D'Met-Gala 2023 stoung ënnert dem Stär vum 2019 verstuerwene Karl Lagerfeld, deen d'Welt vun der Moud als Chanel-Designer iwwer Joerzéngte gepräägt huet. Den Owend vun der Met-Gala waren deementspriechend och eng Rei ikonesch Kreatiounen aus dem Lagefeld senger Zäit bei Chanel ze gesinn. D'Schauspillerin Nicole Kidman koum an engem Chanel-Kleed, dat si viru bal 20 Joer fir eng Reklamm fir de berüümte Parfum Chanel Nr. 5 unhat. D'Sängerin Dua Lipa koum an engem Chanel-Rack aus den 90er Joren.

Ënnert de Gäscht waren och eng ganz Rei Models, déi am Laf vun hirer Karriär méi dacks mam "Modezar" Karl Lagerfeld zesummegeschafft hunn: d'Gisele Bündchen, d'Cara Delevigne an d'Kate Moss.

D'Participatioun um Owend war iwweregens eng deier Affär: Souguer geluede Gäscht misste fir d'Owesiesse 50.000 Dollar bezuelen. D'Sue ginn un d'Moud-Sectioun vum Met-Musée. Vum 5. bis de 16. Mee ginn do eng 150 Kreatioune vum Karl Lagerfeld ausgestallt.