"Take Off" ass eng gemeinsam Initiativ vun der André Losch Fondatioun an dem Fonds National de la Recherche.

RTL wäert d'Show 2024 op der Tëlee iwwerdroen an et kann ee se iwwer Internet a Social Media suivéieren. Op der Yep Schoulfoire d'lescht Woch gouf d'Format eng éischte Kéier am Klenge getest. Wéi eng spannend Challengen erwaarden d'Kandidaten? Ween däerf matmaachen? A wat kann ee gewannen? Déi genee Datumen a weider Detailer zu der Sendung fënnt een op takeoffshow.lu. Hei kann ee sech och fir de Casting aschreiwen.

Dem Gewënner wénken 10.000 Euro. Matmaache kënne Schüler a Studenten tëscht 15 an 21 Joer. Et muss ee just an enger Schoul zu Lëtzebuerg ageschriwwe sinn oder säin Ofschloss do gemaach hunn. De Casting ass am Juni. Den Tournage vun der éischter Science Challenge Show zu Lëtzebuerg dann dëse Summer an Hierscht.