Kréinung vum Charles III. de 6. Mee: De royale Rendez-vous vum Joer
E Samschdeg gëtt den Charles III. zum neie Kinnek vu Groussbritannien gekréint. D'Preparatioune lafen op Héichtouren.
Nodeems déi zwee lescht Weekender d'Fans vun der Monarchie aus Lëtzebuerger Siicht wéinst der Hochzäit vun der Prinzessin Alexandra voll op hir Käschte komm sinn, geet et dës Woch riicht virun. An der brittescher Haaptstad geet et awer net grad sou bescheiden iwwert d'Bün, wéi bei eiser Prinzessin leschte Weekend a Südfrankräich.
2.000 Invitéeën an dausende Leit an de Stroosse vun der brittescher Haaptstad, dobäi kommen 30 Millioune Britten a puer 100 Millioune Mënsche weltwäit, déi d'Kréinung vum King Charles virun der Tëlee wäerte suivéieren.
D'Kréinung vum King Charles ass e risegen Event a wéi sech dat bei de Royals gehéiert, ass alles bis an de klengsten Detail geplangt. Näischt gëtt dem Zoufall iwwerlooss. Datt d'Opreegung grouss ass, ass ze verstoen, well déi lescht Kréinung läit iwwer 70 Joer zeréck.
Den 2. Juni 1953, 16 Méint nodeems der Queen Elizabeth II. hire Papp verstuerwe war, krut si mat nëmme 27 Joer d'Kroun op. Et war déi éischt Kréinung, déi weltwäit op der Tëlee iwwerdroe gouf.
Temoignage vu London
An eisem Reportage schwätze mir mam Annick Maas. Si huet zu London studéiert a schafft elo schonn 10 Joer an der Kréinungsstad. Fir si ass dat eng opreegend Zäit an et géing ee gesinn, datt sech am ganze Land op de verlängerte Weekend präparéiert gëtt. Ausserdeem kucke mer, wat ee sech am Legoland zu Wales fir dëse besonneschen Dag afale gelooss huet. D'Britte kréien och e Méindeg alleguerten e Feierdag geschenkt. D'Käschte fir dës Kréinung leie bei 270 Milliounen Euro.