De Prënz William a seng Fra Kate op Visitt an engem Pub

© AFP
En Donneschdeg war de Prënz William zesumme mat senger Fra an engem Londoner Pub an huet do dat éischt Glas royale Béier gezaapt.
De Pale Ale mam Numm "Kingmaker" gouf extra fir d'Kréinung vum Prënz William sengem Papp, dem Kinnek Charles III., e Samschdeg extra gebraut.
De Prënz an d'Prinzessin vu Wales si mat der Metro zum Bistro am vill besichte Quartier Soho gefuer.
Wärend hirer Visitt am Pub "Dog and Duck" hu si sech mat de Vertrieder vun der Gastronomie-Branche ënnerhalen, déi am Kader vun de Kréinungsfeierlechkeeten de Weekend Rekordëmsätz erwaarden. "An de Pubs huet een déi bescht Gespréicher - et weess een ni, wien een trëfft", sou de Prënz William. De 40 Joer alen Trounfollger krut e grousst Glas Béier an de Grapp gedréckt an huet doropshin de Geck gemaach, hie misst dann awer oppassen, wéi vill hien drénkt. Hie misst nach an den "Arbechtsmodus" zeréck.
D'Kate sot, hiren eelste Fils, de Prënz George, wier ganz opgereegt wéinst der Kréinung. D'Koppel gouf virum Pub vu sëllege Spectateuren empfaangen, si hunn Hänn gerëselt a mat de Mënschen op der Plaz geschwat.

© AFP