De 74 Joer alen Charles III. gouf e Samschdeg de 6. Mee de 40. brittesche Monarch, deen offiziell eng Kroun opgesat krut.

De Kinnek Charles den Drëtten gouf gekréint. Den Äerzbëschof vu Canterbury Justin Welby huet dem 74 Joer ale Monarch d'Kroun opgesat.

Et ass e Bild, op dat no der Kréinung Millioune Leit gewaart hunn, ob doheem virum Fernsee oder zu London selwer.

Um Samschdeg am Nomëtteg hunn de King Charles den Drëtten an d'Kinnigin Camilla sech um Balcon vum Buckingham Palace gewisen an deene ville Leit gewénkt.

Um Balcon waren och aner Vetrieder aus der kinneklecher Famill, zum Beispill de Prënz William, de Prënz vu Wales, zesumme mat senger Fra Catherine an hiren dräi Kanner.

Dem William säi Brudder Harry war net mat dobäi.

An der Westminister Abbey war hien awer bei der Kréinung selwer dobäi, allerdéngs ouni seng Fra a seng Kanner.

D'Kréinung huet gutt zwou Stonne gedauert, duerno sinn de Kinnek an d'Kinnigin an der Kréinungskutsch zeréck an de Buckingham Palace gefouert ginn.

Kréinungszeremonie an der Westminster Abbey

Ënnert de Gäscht waren och de Londoner Buergermeeschter Sadiq Khan an de fréieren US-Ausseminister John Kerry. Fir Lëtzebuerg waren de Grand-Duc Henri an d'Grande-Duchesse Maria Teresa present.

Vill Leit zu Hamm virum groussen Ecran

Kréinung: Charles III. Vill Leit zu Hamm virum groussen Ecran
Am Haff vun der "St Georg's International School" zu Hamm hate sech eng 700 Leit afonnt, fir d'Kréinung vum neie Kinnek um groussen Ecran ze suivéieren.

Am Haff vun der "St Georg's International School" zu Hamm hate sech eng 700 Leit afonnt, fir d'Kréinung vum neie Kinnek um groussen Ecran ze suivéieren. Bei gudder Ambiance hu souwuel Jonk ewéi Al dësen historesche Moment zesumme genoss. Nieft der brittescher Ambassadrice hate sech ganz vill Mënschen afonnt.

Och aner brittesch Associatiounen hunn un dësem Event deelgeholl. Sou zum Beispil de "British Ladies Club". Dës Schoul gëtt et zanter 1990 hei zu Lëtzebuerg an erfreet sech grousser Beléiftheet.

Gléckwënsch aus aller Welt

No der Kréinung kréien de King Charles den Drëtten an d'Kinnigin Camilla Gléckwënsch aus der ganzer Welt.

Zum Beispill vun der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen. Si huet d'Kréinung en Zeechen fir d'Stäerkt vun der brittescher Monarchie genannt, e Symbol fir Stabilitéit a Kontinuitéit.

Och den US President Joe Biden huet gratuléiert.

D'First Lady hat hien zu London an der Westminster Abbey vertrueden.

RTL

© AFP

Kréinung vun der Queen Camilla

Wéi d'Kréinung vum Kinnek Charles III. ofgeschloss war, koum seng Fra Camilla un d'Rei. Och si gouf - hei allerdéngs ouni Siichtschutz - gesalleft. Si gouf duerno mat der Queen Mary's Crown, déi extra fir d'Kréinung vun der Fra vum Kinnek George V. am Joer 1911 gemaach gouf, gekréint an introniséiert. Hei war d'Zeremonie däitlech méi einfach a kuerz gehalen.

RTL

© AFP Archivbild

Prënz Harry present ouni seng Fra Meghan

Kuerz virun der Kréinung gouf et nach emol e klenge Skandal-Moment. Gewosst war net, ob de Fils vum King Charles III. , de Prënz Harry, iwwerhaapt invitéiert gëtt. D'Gerüchter ware grouss an um Enn: hie koum, awer ouni Fra a Kanner.

3 Deeg Feierdeeg

Nom Kréinungsdag e Samschdeg sinn e Sonndeg Noperschaftsfester am komplette Vereenegte Kinnekräich geplangt an op Schlass Windsor ginn et Concerten. Och de Méindeg gouf zum Feierdag erkläert. Do sinn d'Britten allerdéngs opgeruff ginn, an der fräier Zäit fir de gudden Zweck ze notzen.

Lionel Richie a Katy Perry triede bei Kréinungsconcerten um Sonndeg op

Dat si just e puer Nimm nieft Take That oder nach Andrea Bocelli, déi zu Éiere vum Kinnek Charles III. live Concerten um Grondstéck vum Schlass Windsor wäerten zum Beschte ginn. Dës Concerte sinn de 7. Mee, den Dag no der Kréinung also. Et hätten allerdéngs och e puer Stars ofgesot, dorënner d'Sängerin Adele, den Elton John, Harry Styles an och d'Spice Girls.