Am Live! Planet People goung et ëm Kachen, Musek a Stockcar.

11 Joer huet de Johann LAFER zesumme mam Horst Lichter bei 'Lafer! Lichter! Lecker!' samschdes op der Telé gekacht. Ouni 'Die Kocharena', 'Die Küchenschlacht' oder 'Lanz kocht' ze vergiessen. Den Helikopterpilot invitéiert seng Fans awer och reegelméisseg um Radio op eng 'interaktiv Grillparty'. Hie steet selwer nach am Restaurant oder schreift Bicher, no deenen ee sech d'Fanger lecke kann. 'Ein Leben für den guten Geschmack', ass eng Zort Bilan mat senge 50 beschte Rezepter an engem private Bléck an d'Liewe vum Kach aus der Steiermark, deen d'lescht Joer seng 65 gefeiert huet. www.lafer.de

RTL

De Romain HALSDORF ass een Deel vun der Lëtzebuerger Formatioun 'Lapislazuli'. De Museker, deen och nach duerch 'Anglesey' oder 'Hard-to-handle' bekannt ass, huet sech nom CD 'Changing Colours' zesumme mam Roll Rossi 8 Joer Zäit gelooss . 'Welcome to the lost and found" gëtt e Samschdeg 13 Mee offiziell op engem Concert zu Jonglënster virgestallt. Um CD oder der LP dierf ee sech op 8 nei Lidder freeën, déi komplett an der Kontinuitéit leien an awer eng Weiderentwécklung sinn. www.lapislazuli-project.com

RTL

De Sven FRANK ass houfreg op deen neie Rennkalenner vum Stockcar an déi éischt Course ass e Sonndeg zu Helleng, wou den Ufank vun der Saison ass. An 3 Kategorië gi se un den Depart a 6 Ekippen an individuell Piloten maache sech Hoffnungen op d'Coupe, déi de 14. Oktober de Lëtzebuerger Champion 2023 auszeechent. Interessant ass dëst Joer de Comeback vun de 'Steel Panthers', déi 2017 eng leschte Kéier bei enger Course derbäi waren. Spektakulär Blechdueller si garantéiert. www.stock-cars.lu

RTL

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.