Mat 79 Joer fir d'siwente Kéier Papp ginn

© AFP Archivbild
An engem Interview an der kanadescher Emissioun "ET Canada" huet den Hollywood-Star Robert De Niro verroden, nach emol Papp ginn ze sinn. Mat 79 Joer.
Nodeems d'Interviewerin am Gespréich mam zweefachen Oscar-Gewënner seng sechs Kanner ugeschwat huet, huet dëse si corrigéiert: "Tatsächlech siwen." Doropshin koum nach: "Ech hu grad e Puppelche kritt."
Méi huet de Schauspiller dann awer net verroden, zum Beispill zur Mamm. Den zweefach bestueten De Niro huet aus fréiere Bezéiunge scho sechs Kanner. Hien ass och scho Grousspapp.
De Robert De Niro ass ee vun de ganz Groussen zu Hollywood. Op d'Welt koum hien zu New York als Kand vun enger italienesch-irescher Kënschtlerfamill an ass a Filmer wéi ënner anerem "Der Pate II", "GoodFellas", "Casino" an "The Irishman" fir seng Verkierperung als Mafiosi bekannt.
Fir de Film "Der Pate II" krut hien 1975 en Oscar als beschten Niewenduersteller, fir de Boxer-Drama "Raging Bull" 1981 ee fir déi beschten Haaptroll. An de leschte Joren huet hie méi a Komedien als komesche Schwéier- oder Grousspapp matgewierkt.