Max Wax, Peter Freudenthaler a Lynn Strasser
Am Live! Planet People geet et dës Kéier ëm d'Reesen um Moto, d'Band Fools Garden an ëm Bodybuilding.
De Max Wax reest op sengem Motto duerch d'Welt a sammelt fläisseg Suen. "Vega" huet hie säin Gefier gedeeft, wéi den helle Stär um Himmel. Hien ass bal ëmmer op der Rull a soubal en zréck ass, huet e schonn nees nei Iddien fir eng nächst Rees. Seng Trippen sinn net ongeféierlech, awer de Max ass sech ëmmer bewosst, dass hie just op zwee Rieder ënnerwee ass. Säin Häerz schléit fir Afrika an d'Leit déi do liewen, zemol d'Kanner. Hie setzt sech a fir Weesekanner, awer och Familljen deenen et schlecht geet, suergt derfir dass Pëtzer gebaut ginn a Solarpanneauen opgeriicht ginn.

Fools Garden haten hiren Duerchbroch mat 'Lemon Tree' a si sinn e Samschdeg zu Rued-Sir. 1994 huet de Sänger Peter Freudenthaler d'Lidd op engem Sonndegmëtteg bannent 20 Minutten an der Schlofkummer geschriwwen, wéi en op seng Frëndin gewaart huet. Zanterdeem ass de Repertoire gewuess an d'Band vu Pforzheim gëtt et ëmmer nach. Fools Garden maachen e Mix aus Rock a poppegen Stécker a vun Zäit zu Zäit och eng Ballad. Zu der Bandgeschicht gehéieren d'Polonaise mat de Spice Girls zu Tokio, eng gemeinsam Garderobe mam Justin Timberlake a vill Präisser weltwäit.

D'Lynn Strasser kënnt just vun der EM am Bodybuilding zréck, wou si eng excellent 5. Plaz beluecht huet. No 2 Joer Powerlifting koum d'Lynn 2019 bei de Bodybuilding. Fir d'éischt an der sougenannter "Bikini-Kategorie" an elo an der "Bodyfitness"-Klass. Wärend der Pandemie huet se fläisseg bei den Elteren am Keller trainéiert, 2022 huet se genotzt fir den Opbau vun de Muskelen, an elo am Fréijoer war déi jonk Bodybuilderin bei engem Concours an Holland, wou si Plaz 3 beluecht huet a bei der Europameeschterschaft zu Barcelona huet si sech iwwer d'Top 5 gefreet.

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.