Am Kader vun de Mini-Entreprisen hunn néng Schüler sech e Konzept iwwerluecht fir de Leit eist Land op spilleresch Aart a Weis méi nozebréngen.

All Joer hunn d'Lycéesschüler op 2ième an 3ième d’Méiglechkeet, fir d’Optioun "Mini-Entreprise" ze wielen. Ee Schouljoer hu si dann Zäit, fir en originelle Produit oder Service ze entwéckelen. Ugefaange mat der Iddi, iwwert e Finanz- a Businessplang, eng Marketingstrategie, bis hin zum Verkaf vum fäerdege Produit. Esou kréie si en éischten Abléck an d’Businesswelt.

Fir de Gewënner gëtt et dëst Kéier eng Rees op Istanbul ze gewannen. E Präis, deen ënnert anerem d’Ekipp vun der Mini-Entreprise "Bëssen Wëssen" gären hätt. Hire Produit ass e Kaartespill iwwer Lëtzebuergesch Monumenter, Traditiounen, Persounen an Iesswueren.

Et ass interaktiv, edukativ an inklusiv. Nieft der Entwécklung an dem Verkaf vum Spill selwer, bidden d'Schüler aus dem Lycée Aline-Mayrisch Workshops un, an deene si Flüchtlingen, Auslänner an Immigranten eppes iwwer Lëtzebuerg erzielen, andeems si zesumme spillen.

Hiert Zil ass et, d’Integratioun ze vereinfachen an eist Land ze representéieren. "Bëssen Wëssen" ass awer méi wéi just e Spill, mä e ganzt Konzept dat een un all anert Land upasse kéint.