De Client ass Kinnek, esou e Spréchwuert, wat fréier bei den Déngschtleeschter populär war. Ganz sou richteg ass dat hautdesdaags awer net méi.

Wéi laang muss de Client op säin Iesse waarden? Dierf een d'Lokal verloossen, ouni ze bezuelen, wann een d'Rechnung einfach net kritt a wéi verbindlech ass eng Reservatioun? E puer Froen, wou net jidderee sech eens ass, wat dann elo richteg oder falsch ass. Eng Partie Reegele sinn awer am Code de la consommation festgehalen.

Wéi verbindlech ass e reservéierten Dësch?

Et geet scho lass bei der Reservatioun. Deemno a wéi ee Restaurant een iesse geet, huet ee besser am Virfeld en Dësch ze reservéieren. Vun deem Moment un existéiert e mëndleche Kontrakt tëscht dem Client an dem Restaurateur. Beemol ginn d'Pläng awer duerchkräizt. Eventuell well ee krank gëtt, eppes ass dotëscht komm oder awer et huet een den Owend selwer einfach keng Loscht, raus iessen ze goen.

Aus Héiflechkeet soll een dem Restaurateur dat matdeelen, fir dass dësen den Dësch un aner Gäscht ka verginn. Domat ass de mëndleche Kontrakt dann opgehuewen. Ma och wann een net Bescheed seet, huet de Gaascht an der Reegel keng Konsequenzen ze fäerten.

Hei ginn et awer Ausnamen. Wann de Betrib op senger Internetsäit oder um Telefon kloer drop opmierksam mécht, dass de Client fir eng Entschiedegung opkomme muss, wann hie seng Reservatioun net anhält, muss de Client d'Konsequenzen droen. Genau dat selwecht gëllt dofir wéi laang de Restaurateur den Dësch reservéiert hält, wann e Client Retard huet. Verschidde Betriber hu schrëftlech festgehalen, dass si en Dësch just 20 Minutte laang reservéiert halen. Wann dëst dem Gaascht kloer matgedeelt gouf an dësen eng Hallef Stonn ze spéit kënnt, dann ass et fir de Client domm gaangen.

Am Ausland ginn et och méi prestigiéis Restauranten, wou een en Acompte bezuele muss, wann een en Dësch reservéiert. Dësen ass dann automatesch fort, wann de Client net opdaucht.

Dierf een am Restaurant just eppes drénken?

Déi Decisioun läit eleng beim Restaurateur. Wann dësen all Dëscher fir de Service brauch, dierf hien dem Gaascht, dee just eppes drénke wëll, en Dësch verweigeren. Hei ginn et awer ongeschriwwen Reegelen, wéi de François Koepp vun der Horesca erkläert:

"Wann e Client bei mir consomméiere wëll, da schécken ech en dach net Heem. Do fënnt sech ëmmer e Kompromëss. Sou kann een dësen dann invitéieren, um Comptoir eppes ze drénken, oder et fënnt een eng aner Léisung."

RTL

© AFP

Einfach goen, wann d'Iessen ze laang dauert?

Et huet ee grad réischt bestallt, mä de Mo grommelt. Et kann een et net ofwaarden, endlech zerwéiert ze ginn. Dass et e bëssen dauert bis den Teller da virun engem steet, dat ass an engem Restaurant jo normal. Mä wat ass wann et wierklech ze laang dauert? Muss een als Client eng Stonn op säin Iessen waarde kënnen oder dierf een dann einfach goen?

Nee, einfach opstoen a goen, dierf een net. Wéi schonn bei der Reservatioun gëtt et e mëndleche Kontrakt tëscht dem Client an dem Restaurateur, wann de Gaascht eppes bestellt. Op Grond vum Verkafsrecht muss de Client fir seng Bestellung opkommen. Dat heescht, de Gaascht dierf zwar de Betrib verloossen, ouni ze consomméieren, wann et him ze laang dauert, e muss awer bezuelen, wat e bestallt huet.

De richtege Wee ass et awer fir d'éischt emol beim Personal ze reklaméieren an dann, wa méiglech, seng Commande ze annuléieren. An engem gudde Betrib fënnt een dann e Kompromëss, fënnt de François Koepp Direkter vun der Horesca. "Anescht ass et, wann de Client am Virfeld seet, dass e just 30 Minutten Zäit huet. Da muss de Restaurateur direkt soen, wann dëst net méiglech ass oder sech un d'Zäit halen."

Fest Richtlinnen, wéi laang e Client op säin Iesse waarde muss, ginn et allgemeng awer net.

D'Iesse schmaacht net an elo?

Wann engem d'Iessen net schmaacht oder et e Problem mam Plat gëtt, soll de Client dat direkt am Ufank soen an net réischt, wann den hallwen Teller schonn eidel ass. Da kann de Restaurateur dem Gaascht en anere Plat proposéieren oder zum Beispill d'Fleesch zeréck op de Grill leeën, wann dëst net duerch genuch ass. Hei hänkt et ganz vum Restaurateur of a wéi wäit e Kompromëss méiglech ass. Mä och hei zielt: de Client bezilt fir dat, wat e bestellt.

Net bezuele, well d'Rechnung net kënnt?

Et ass ee fäerdeg mat Iessen an huet de Serveur schonn dräi Mol no der Rechnung gefrot, mä se kënnt einfach net. Wat elo? Einfach opstoen a goen? Et huet ee jo schliisslech méi wéi eng Kéier versicht ze bezuelen.

"Nee, wann ee geet ouni ze bezuelen, mécht ee sech strofbar. Da muss een opstoen a bei de Comptoir bezuele goen", erkläert de François Koepp.

Einfach seng Visittekaart op den Dësch leeën a sech d'Rechnung Heem schécke loossen, geet och net. Virum Bezuele kann ee sech also net drécken. Et huet ee jo schliisslech och eng Déngschtleeschtung an Usproch geholl.

Och wann de Gaascht Kinnek ass, kann dëse sech net alles erlaben. Souwuel de Client wéi och de Restaurateur hunn an hirer professioneller Relatioun hir Rechter a Flichten. An der Reegel léisst sech ëmmer e Kompromëss fannen, wann déi eng oder déi aner Säit net zefridden ass.