Ëmmer méi Elengerzéiend an Däitschland si Pappen

© AFP Archivbild
An de Familljen an Däitschland wiisst den Undeel vu Pappen, déi als Elengerzéiend mat hirem mannerjärege Kand liewen.
15 Prozent vun den Elengerzéiende waren am Joer 2022 Pappen, wéi dat Statistescht Bundesamt zu Wiesbaden en Dënschdeg am Kader vu Pappendag an Däitschland dësen Donneschdeg matgedeelt huet. 10 Joer virdru louch den Taux just bei 10 Prozent.
Dobäi ass och d'Gesamtzuel vun den elengerzéiende Pappe mat mannerjärege Kanner an d'Luucht gaangen. Wärend et am Joer 2012 166.000 elengerzéiend Pappe gouf, sinn et 2022 schonn 239.000 - eng Hausse ëm 44 Prozent. D'Zuel vun elengerzéiende Mammen ass am selwechten Zäitraum ëm 10 Prozent zeréckgaangen, vun 1,48 Milliounen op 1,33 Milliounen.
Am Ganze goufen et d'lescht Joer ronn 1,57 Milliounen elengerzéiend Familljen an Däitschland. Domat zielen d'Bundeslänner a knapp all fënnefter Famill nëmmen een Elterendeel mat Kanner ënner 18 Joer - also 19 Prozent.
Géintiwwer 2012 ass den Undeel liicht zeréckgaangen: Deemools hunn 1,64 Milliounen elengerzéiend Familljen en Undeel vu knapp 20 Prozent ausgemaach. Am Ganzen ass d'Zuel vu Famillje mat Kanner ënner 18 Joer vun 8,11 Milliounen am Joer 2012 op 8,45 Milliounen 2022 geklommen.