Knapp ass déi offiziell Kréinung vu sengem Papp eriwwer, denkt de Prënz William schonn un déi eegen. An déi soll ganz anescht ginn.

De Kinnek Charles III. ass deen eelste Monarch, dee jeemools gekréint gouf. Munch Traditioun gouf bäibehalen, munches moderniséiert, zum Beispill manner Invitéen. Wuel awer nach net modern genuch. Moderniséierung ass nämlech och d'Stéchwuert am Hibléck op den Trounfollger William.

Wéi déi brittesch "The Times" mellt, soll de Prënz William schonn u seng eege Kréinung denken, déi "nach méi modern" soll sinn an "d'Monarchie nees méi relevant" soll maachen.

Zum Beispill stoung bei der Kréinung vum Charles III. den "Hommage un d'Vollek" un der Dagesuerdnung, am William sengen Aen eng "veraalt Traditioun". Dat wäert et engem Insider no op kee Fall bei senger Kréinung ginn. Hie wier sech der Tatsaach bewosst, dass d'Kréinung an 20 Joer - oder wéini och ëmmer et souwäit wäert sinn - modern ass, sech awer och vereenegend op d'Natioun an de Commonwealth auswierke kann. "Ech denken, seng Kréinung wäert ganz anescht ausgesinn a sech ganz anescht ufillen", sou nach den Insider.

E weidert Zeechen, dass de Prënz William sech vun der aler Monarchie lassrappe wëll, ass d'Tatsaach, dass hien den Titel "Prince of Wales" net weidergi wëll. Den Titel fält un d'Kroun zeréck, wann hien zum Kinnek ernannt gëtt. E gëtt deemno net wéi all anere britteschen Adelstitel verierft.