Wéi et vun enger Spiecherin vum Prënz Harry heescht, wier d'It-Koppel vun engem Paparazzi verfollegt ginn.

Zwou Stonnen hätt dës Course-poursuite duerch "héchst aggressiv Fotographe"  gedauert, bei där direkt e puer Mol bal zu engem Accident koum. Passéiert soll et zu New York sinn, wéi d'Koppel bei enger Präisverdeelung war. Am Won war zu deem Zäitpunkt och dem Meghan hir Mamm Doria Ragland.

Der Spriecherin no hätt et bal Accidenter mat aneren Automobilisten, Foussgänger an zwee Poliziste ginn. Wéi et heescht, soll d'Koppel vun enger hallwer Dosen Autoe mat getéinte Fënsteren verfollegt gi sinn. Déi net identifizéiert Chauffere wieren ouni Récksiicht gefuer an hätten aner Mënschen a Gefor bruecht. "Dës Juegd hätt kënnen déidlech ausgoen", sou nach d'Porte-parole.

D'Police hätt probéiert anzegräifen, ma deen Ament wieren d'Paparazzie geflücht, hätte sech awer kuerz drop nees hannendrugehaangen.

De Virfall erënnert un den Doud vum Harry senger Mamm, der Prinzessin Diana, déi 1997 no enger wëller Course-poursuite mat Paparazzien ëm d'Liewe komm war.