Lynn Jung, Ulli Potofski a Kevin Risch
Am Live! Planet People geet et dës Kéier ëm Freerunning, e legendäre Sportreporter an de Kevin Risch.
D'Lynn Jung ass Parcoursleeferin a Freerunnerin an huet sech och scho vum Burj Khalifa ofgeseelt. Bis et souwäit koum, stounge vill Stonnen Turnen um Programm. Scho mat 3 Joer war d'Lynn reegelméisseg an der Turnhal, bis se sech mat 11 fir den Danz begeeschtert huet. Haut schléit se a Videoen a Publicitéiten de Salto, leeft ouni Angscht iwwer schmuel héich Maueren, spréngt vu grousse Gebaier a seelt sech virun de Kameraen an den Aen vun hire Fans op der ganzer Welt of.

Den Ulli Potofski ass eng Sportreporterlegend a säin aktuellt Buch heescht ""Wie ich (fast) zum Welt-Star wurde". Hien hätt awer grad sou gutt kéinte Kach, Poppespiller oder Schlagersänger ginn, well iwwerall huet hie sech ausprobéiert, bis et hien 1979 bei de Sport gezunn huet. Fir d'éischt bei de WDR an duerno bei RTL, wou de Frank Elstner hie perséinlech engagéiert huet. Bei RTL plus huet hien d'Sendung "Anpfiff" moderéiert a war als Sportchef responsabel fir grouss Tennis- a Formel-1-Sendungen. Haut schreift hie Kannerbicher a mellt sech nach fir Sky vum Futtballterrain.

De Kevin Risch ass besser bekannt als de Rapper 'Brebo' a säin drëtten Album heescht "Seasons". De gleewege Kënschtler huet sech scho ganz fréi fir Musek interesséiert. "6 Stunden" war seng éischt Single. 2017 huet hien de 'Sonic Visions Music Video Award' an der Kategorie Public gewonnen. Ee Joer drop war hien den Opening Act vum däitsche Popsänger "Mike Singer" bei senger 'Déja-Vu Tour' a säin éischten Album war "Patience". Beim Brebo senger Musek läit de Schwéierpunkt um däitsche Rap an hei verschafft hien och seng Panikattacken an Depressiounen.

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.