Mënsche kësse sech enger neie Etüd no schonn op d'mannst 4500 Joer aus Léift an Zouneigung op de Mond.

Domadder ass dës Praxis ee Joerdausend méi al wéi bis ewell ugeholl, dat hunn d'Auteure vun enger am Magazin "Science" publizéierter Etüd e Freideg matgedeelt. Deemno ginn et schonn an Texter aus dem Ale Mesopotamien an Ägypten aus dem Joer 2500 viru Christus Beweiser fir Kussen op de Mond.

Den Troels Pank Arböll vun der Universitéit zu Kopenhagen a seng Kolleegin Sophie Lund Rasmussen vun der Universitéit Oxford wollten u sech erfuerschen, wéi d'Verbreedung vu Krankheete mat der Praxis vum Këssen op de Mond zesummenhänkt. D'Experte fir d'Geschicht vum Mëttleren Osten an d'Biologin hunn dobäi Etüde mat Quellen aus Indien fonnt, aus deenen ervirgeet, datt de fréiste Beweis fir een "sexuell-romantesche Kuss" aus dem Joer 1500 viru Christus staamt.

Dem Troels Pank Arböll ass dëst komesch virkomm. "Ech wousst, datt et nach méi al Beweiser aus dem Ale Mesopotamien gouf", sou den Arböll, deen Texter a Keilschrëft op anticken Tounplacken ënnersicht, der Noriichtenagence AFP géintiwwer. Dës Beleeg wiere schonn an den 1980er Jore gesammelt, d'Informatiounen awer ni op aner Fuerschungsberäicher iwwerdroe ginn.

Bei der Auswäertung vun Dausenden Texter a Keilschrëft hunn déi zwee Fuerscher wuel nëmmen e puer Hiweiser op d'Verbreedung vu romantesche Këss fonnt. Dorënner wieren awer "eendeiteg Beweiser" gewiescht, déi beleeën, datt et zu där Zäit, wou se verfaasst gi sinn, schonn üblech war, sech op de Mond ze këssen.

Fir hir Etüd hunn d'Fuerscher tëscht dem "frëndschaftlechen-elterlechen" an dem "romantesch-sexuellen" Kuss differenzéiert. Wärend et den "frëndschaftlechen-elterlechen" Kuss onofhängeg vu Länner an Zäitalter gëtt, ass déi zweet Form vum Këssen deemno "net an alle Kulturen" verbreet.