Zanter Oktober zejoert ass Malta dem Jérôme Spithoven seng nei Heemecht. De jonke Mann studéiert Marketing a wëll säi Bachelor-Diplom hei ofschléissen.

Ufanks stoungen och nach Holland an England zur Auswiel, am Summer 2022 war dunn awer kloer, datt et op Malta géif goen.

Malta ass och net extrem grouss (316 Quadratkilometer fir ronn 580.000 Awunner), awer immens schéin. D'Haaptstad vu Malta, Valletta, erënnert e bëssen un d'Alstad vu Lëtzebuerg, mam Ënnerscheed, datt Valletta um Mier läit an d'Wieder besser ass.

Et wär en oppent Vollek, wéi eis de Jérôme Spithoven verroden huet an et géif gäre gefeiert ginn. Mat sengen 22 Joer fillt sech de jonke Student op Malta ganz wuel a ka sech virstellen, och nach säi Master op Malta ze maachen.

D'Spiller vun de klenge Länner sinn no 1993 an 2004 eng 3. Kéier op Malta. De Jérôme Spithoven plangt dann och, fir déi eng oder aner Kompetitioun kucken ze goen.