Bei schéinstem Summerwieder war um Päischtméindeg Rendez-vous am Norden zu Wolz, an zwar fir déi 73. Editioun vum Gënzefest.

An déi stoung dëst Joer ganz ennert dem Motto Ënnerwaasserwelten: 22 Gruppen, vun Musek iwwer Turnveräiner, hunn hire Weenchen an der Groussgaass presentéiert. Schlusspunkt an Highlight vun der Parad war natierlech déi frësch gekréinte Gënzekinneginn mat hiren Haffdammen. Fir d'Kostümer setzt een zu Wolz zanter zwee Joer op d'Zesummenaarbecht mat engem lokalen Designer.

D'Gënzefest wier nom zweete Weltkrich entstanen, erkläert de Mike Hieff, President vum Gënzefest. Deemools hätt een einfach eppes gebraucht, fir de Leit nees gutt Laun ze maachen.

Wann een de Leit an der Wëlzer Groussgaass esou nogelauschtert huet, ass dat och dës Editioun nees gelongen.