2 Piloten aus de 1920er Joren, den Antoine de Saint Exupéry an de Jean Mermoz, 2 Pionéier vun der Loft-Post, hu vill Hobby-Piloten inspiréiert.

Eng Streck, déi si virun 100 Joer mam Fliger geflu sinn, kann een elo och eng Kéier mam ULM (Ultra-Light-Structured Aircraft) nofléien, dat vu Frankräich bis op Dakar.

Och e puer Lëtzebuerger hunn dëst Joer un der 4. Editioun vum "Raid Mermoz" deelgeholl , esou zum Beispill och de Carlo Arendt, deem säin Häerz fir d'Fligerei schléit. Iwwer 12.500 Kilometer huet hien a 16 Deeg mam Fliger zeréckgeluecht an dobäi Villes erlieft.

Eng verréckten Aventure, eng Stréck déi virun 100 Joer vun 2 Pilote geflu gouf, wat u sech den Ufank vun der "Air Mail" war. D'Iddie war,  fir d’ Post iwwert dee Wee méi séier op hir Destinatioun ze kréien.

De Carlo Arendt fënnt ëmmer nees nei Erausfuerderungen. D'Lëscht, wat en alles scho virum ULM geflunn ass, ass laang: Paragliding, Ballon, Zeppelin, an elo ULM.

37 Fligere goufen op 9 Ekippen opgedeelt, esou huet am Virfeld all eenzel Etapp misste bis an den Detail preparéiert ginn, an och an all eenzelt Land huet am Virfeld missten eng Autorisatioun fir ze landen ugefrot ginn.

Fir de Carlo, grad esou ewéi fir déi aner Pilote war et eng eemoleg Liewenserfarung,  an eng Rees, déi ee wuel net méi vergiesse wäert , esou plangt hien elo schonn säin nächste Challenge.