Zu Esch kann een d'Surfbriet auspaken
D’Wieder ass gutt a sou lues denkt een un eng Ofkillung. Zu Esch gouf eng Well fir drop ze surfen opgemaach. De Loic Juchem huet se getest.
Op der Place des Remparts hu se eng grouss Surfwell opgeriicht an do dierf ee gratis, all Kéiers eng 30 Minutte laang, um Surfbriet stoen. Huet een also Loscht op e bëssen Action an och wann ee sech an de nächsten Deeg e bësse wëll ofkillen, da kann een hei e bësse Spaass hunn. D’Material, sou wéi e Neopren, kritt een op der Plaz geléint. Decke Spaass ass op alle Fall garantéiert, wéi d’Ekipp vum Magazin op der Plaz konnt feststellen.
Och an der Gemeng Bartreng gouf an de leschte Joren am August sou eng Well opgeriicht, och wann dëse Projet ëmmer nees fir Diskussioune suergt. „Summer in the city“ ass e fäerdegt Konzept, dat ee bei enger belscher Firma ka kafen. Do kritt een dann d’Dekoratioun, d’Chaleten an de Sand zu Verfügung gestallt. Elleng d’Surfanalg soll eng 120.000 Euro fir 3 Woche kaschten, huet d’"Tageblatt" an engem rezenten Artikel geschriwwen. E Montant, deen awer net vun der Stad Esch confirméiert ginn ass.
„Summer in the City“ geet nach bis den 18. Juni all Dag vun 12 bis 22 Auer a vu méindes bis mëttwochs ass d’Well tëscht 12 a 16 Auer fir d’Schoulklassen aus der Gemeng Esch reservéiert.