"Lëtzebuerg vun uewen ass einfach schéin"
Mat engem Paramoteur kann een iwwert de Grand-Duché fléien an d'Aussiicht vum Land genéissen.
Et dierf een d'Héicht net fäerten an et muss een et einfach gären hunn, fir et kënnen ze genéissen. Riets geet vum Paramoteur. Deen, dee Paragliding kennt, respektiv Fallschierm, dee muss sech elo just nach e Motor mat engem Propeller hannen um Réck virstellen. Zu Lëtzebuerg gëtt et esouguer e Club, well anscheinend méi Leit aus dem Grand-Duché dëser Fräizäitbeschäftegung wuel wëllen nogoen.
De Präsident vum Club Ray Hoffman fiert net ëmmer direkt heem, wann hie fäerdeg ass mat schaffen, ma meeschtens geet et dann op den Terrain. D’Iddi dohannert, d’Landschaft nach eng Kéier séier vun uewen z'erliewen, ass eng Passioun, déi bei him viru 15 Joer entstanen ass. Geféierlech ass et u sech net méi, ewéi alles aneschtes, wat zur Sportfligerei gehéiert, schlëmm Accidenter hate se am Club nach net, och am Zweesëtzer goufen et nach keng Tëschefäll.
Am Noutfall gëtt et e Rettungsschierm, deen een dann nees lues awer sécher op de Buedem bréngt. An der Sportfligerei ass et eng vun deenen net all ze deieren Méiglechkeeten, fir ze fléien, wann een eng Lizenz maache wëllt oder säin eegent Material wëllt fléien, muss een awer e bëssi op den Dësch leen, Käschtepunkt tëschent 3.500 Euro an 6.000. a méi. An da bleift nach ëmmer déi Fro ze klären, wat wier dann elo, wann de Motor ausgeet, an och do kann een ewéi bei engem Sportfliger schéin gemitterlech landen, andeems een seegelt. Wien Adrenalin also gär huet an e puer Dausend Euro respektiv e bëssi Zäit huet, dierf dëst dann genéissen, natierlech nëmmen, wann d’Wierder matspillt.
Weider Informatioune fënnt een op hirer Facebooksäit.