Wéi et vun der Stater Gemeng heescht, ginn et am Park esouwuel Plaze fir kierperlech aktiv ze sinn wéi och Plazen, fir sech ze entspanen.

D'Dorsbaach, déi op enger Längt vun 846 Meter duerch de Park fléisst, deelt dësen a seng verschidden Zonen op. D'Baach gouf iwwerdeems komplett renaturéiert.

Iwwerhaapt soll d'Natur eng grouss Roll bei der Entwécklung vum landschaftleche Konzept vum Park gespillt hunn. Esou gëtt et nieft engem Weier vu 6.800 Metercarré ënner anerem och e Bongert mat 75 lokalen Uebstbeem. Donieft géifen d'Wise méi spéit geméint ginn, fir eng maximal Entwécklung vun der Biodiversitéit ze garantéieren.

Ma och fir kierperlech Aktivitéit, awer och Erhuelung soll gesuergt sinn. Esou fënnt een nieft enger grousser Spillplaz, engem Multisport-Terrain, engem Terrain fir Beachvolleyball an engem Outdoor-Fitness-Park och e Pavillon, Ligestill an Dëscher fir ze Picknicken.
Bei der Entrée vum Park befënnt sech iwwerdeems eng Brasserie mat enger Terrass.

Ouverture vum neie Park zu Gaasperech
16 Hektar ass dëse grouss. De Loïc Juchem huet sech op der Plaz en Androck verschaaft.