7 Parke ginn et an der Stad Lëtzebuerg. Zanter e Mëttwoch kënnt ee weideren dobäi. De Parc um Ban de Gasperech.

An dat heescht elo nach méi Aarbecht fir de Service des Parcs vun der Stater Gemeng. Den Ament këmmere si sech zu ronn 200 Mataarbechter a Mataarbechterinnen ëm den Entretien vun de Gréngflächen an der Stad. An Ekippe vu 5 gi si all moies um 6.30 Auer eraus. Jidderee weess genee, wat en ze maachen huet. Schliisslech këmmere si sech ëm eng Gesamtfläch vun ëm déi 175 Hektar. Dat ass sou vill wéi 245 Futtballterrainen an d'Gréngfläche maachen e Véierel vun der Stad aus. An do fält net nëmmen elo fir de Summer vill Aarbecht un, och wann elo grad am meeschte lass ass, erzielt eis de Jean-Claude Weber. Hien ass Gäertnermeeschter an zanter 22 Joer dobäi a koordinéiert elo d'Ekippen.

Et kann ee soen, dass wann d‘Wieder sech ännert, da geet dat hei lass bei eis ab Mee. Heiansdo och schonn Abrëll an d'lescht Joer ware mir am Mäerz scho ganz aktiv, well d'Temperaturen extrem héich waren. Dëst Joer hate mir d'Chance, dass d'Temperaturen ëmmer gläich bliwwe sinn a relativ niddreg bis Enn Mee."

Zum Service des Parcs gehéiert awer och d'Fleuristik. Si këmmere sech ëm d'Blummendekoratioun an der Stad. Meeschtens bei der Gemeng, fir kleng, mee och gréisser Evenementer. Sief et fir Staatsvisitten, royal Hochzäiten oder och Receptiounen. An all déi Blummen, wéi och déi aner Planzen, déi een an de 7 Parke vun der Stad fënnt, musse vun iergendwou hierkommen. An dofir gi mir bis an de Reckendall. Hei ass de Sëtz vum Service des Parcs. Do wou net nëmmen zwou riseg Zäre stinn, mee wou och d'Atelieren, d'Büroen an de Stockage vum Material sinn. An do entstinn dann och Projeten, wéi déi vum neie Parc zu Gaasperech oder d'Renaturéierung vum Péitrussdall.

Ëm déi 72.000 Planze goufen 2021 kultivéiert. Net ze vergiessen och d'Fleeg vun de Beem. Um Terrain vun der Stad Lëtzebuerg stinn e bësse méi wéi 20.000 Beem, ëm déi ee sech këmmere muss. Déi 3 heefegst sinn Ahorn, Lannen an Eechen.