Zu Lëtzebuerg gëtt och am Seniorenalter gedanzt. Dat hält Geescht a Kierper fit.

Danzt der gären? Wa jo, ma dann dierf der iech freeën, well fir ze danzen, gëtt et keen Alter. Danz 50+ , esou nennt sech déi Initiativ an A.s.b.l , fir dass een och nach mat iwwer 50 danze kann, a virun allem soll.

Et sinn diploméiert Dänzer, och nach Danz-Trainer genannt, déi sech hei em déi këmmeren, déi bereet ware fir nach am Seniorenalter ze danzen. Esou hunn déi meescht hei d'Danzen net eréischt entdeckt, mä danze schonn iwwer 40 Joer a méi.

Mam Motto: "mir danze gären", hu se alleguer dat nämmlecht Zil, d'Loscht um Liewen net ze verléieren. D'Ute Ott-Guth këmmert sech zanter 5 Joer ëm dëse Projet a Si war sech sécher, dass een dobäi Spaass huet. Et fuerdert een d'Ausdauer, d'Gesondheet an et ass een a Gesellschaft.

All Mënsch fënnt seng Plaz an der Grupp, esou heescht et, och wann een elo net méi dee fitsten ass. Fir jidderee soll eppes dobäi sinn. Esou ass et normal, dass déi eng oder aner Madamm mam Rollator kënnt, dee gëtt beim Danzen op d'Säit gestallt.  Fir d'Ute ass all Mënsch wëllkomm. Den Ament siche se nach Nowuess fir Traineren ze fannen. D'Nofro vun de Clienten ass grouss, mä si sinn net zu genuch, fir d'Danz-Coursen ze halen.

De Feedback vun den Dammen ass nëmme positiv, ob dëst elo hëlleft fir am Alter d'Gläichgewiicht ze verstäerken, oder fir fit am Geescht ze bleiwen, wat emol 100 Prozent zielt ass, dass jidderee Spaass dobäi huet.

Alt nees eng Kéier de Beweis, dass ee fir näischt ze al ass, an dass engem seng Limitte wuel just am Kapp existéieren, an dass an der Realitéit alles anescht kann sinn.