Eng Selektioun vu ganz exklusiven Autoe mécht e Roadtrip uechter Europa, a wëll heibäi déi schéinsten Destinatiounen ënnerwee mathuelen.

Op deem Trip geet et fort vu London, mat engem éischten Tëschestopp zu Lëtzebuerg, éier et weidergeet op Annecy, Monaco, Bologna, Manciano, Saturnia an zu gudder Lescht ass d'Arrivée zu Rimini.

Organiséiert ass den Trip vun "The Cannon Run". Si organiséieren iwwert d'Joer e sëllegen ënnerschiddlech Roadtrips fir Leit mat exklusiven Autoen. Sou gouf et zum Beispill schonn de "Spring Break 2023", oder geplangt ass nach "The Ireland Run 2023", de "Carrera Grande 2023" oder den "Land Lords 2023 - Return of the Lakes", fir just déi ze nennen.