No 3 Joer
Bock-Kasematte maachen hir Dieren nees op

© Archives
Dräi Joer ware se zou, e Freideg geet nees eng vun de gréissten Touristenattraktioun an der Stad offiziell op: d'Bock-Kasematten.
2020 ware se wéinst Corona zougemaach ginn a sinn och zou bliwwen, well renovéiert huet misse ginn.
2019 haten iwwer 150.000 Visiteuren d’Bock-Kasematten besicht.
D'Tickete fir d’Bock-Kasematte kann ee vun nächster Woch un, méi genee dem 14. Juni, reservéieren.
Am meeschte gelies