Am Live! Planet People goung et dëse Freideg ëm e Muay-Thai-Kämpfer, e Cliff Diver an ëm Bodybuilding.

Den Dean Kaulmann ass e Muay-Thai-Kämpfer, deen e Samschdeg op der Gare säi groussen Optrëtt huet. "The Kings of Muay Thai" sinn dann an der Sportshal an der Stroossbuerger Strooss ze gesinn. Schonn als Kand war den Dean vu Kampfsport begeeschtert. Mat 6 Joer huet hie sech fir Judo decidéiert an dorunner war säi Papp net ganz onschëlleg. 2012 koum déi éischt Erfarung mat Muay Thai an no 6 Méint Training huet hie säin éischte Fight gemaach. Leider huet net alles sou geklappt, wéi de jonke Sportler sech dat virgestallt hat, awer hien huet dorausser geléiert. Entretemps huet hie 14 Mol gewonnen, dorënner 7 Mol mat TKO, an als Profi ass hien elo prett a war rezent an Thailand aktiv, wou hie säi Meeschter fonnt huet.   www.facebook.com/dean.kaulmann

RTL

Den Alain Kohl ass deen eenzege Lëtzebuerger 'Cliff Diver' a mécht no 15 Joer Schluss mat de Spréng aus 27 Meter. Mat 40 Joer huet de Papp vun zwee Bouwen net méi genuch Zäit, fir seriö ze trainéieren, fir um Héichleeschtungsniveau mat deenen anere matzehalen. Mat 5 Joer huet den Alain beim Konschtsprangveräin Lëtzebuerg an der Coque seng éischt Erfarung gesammelt an 2002 huet hie seng éischt Bekanntschaft mam Cliff Diving gemaach. A senger aktiver Karriär huet hien iwwer 1000 Spréng vu 27 m gemaach an zweemol war hie bei der WM vun der internationaler Schwammfederatioun derbäi (2017+2019). www.facebook.com/alain.kohl.14

RTL

De Mark Notschaele huet 1985 säin éischte Strongman gewonnen a gëtt säi Wëssen elo virun. Dobäi huet hie mat 6 Joer ugefaangen, Futtball ze spillen, an eréischt mat 18 Joer ass hie bei de Bodybuilding gestouss. 1985 war hien dee stäerkste Student op der Uni an huet e puer Top 5 Concourse bei regionale Meeschterschaften an Holland fir sech entscheet. D'Aarbecht huet de gebiertegen Hollänner 1995 op Lëtzebuerg verschloen. Zanter 33 Joer ass hie mam Anke bestuet. D'Koppel huet 3 Kanner an déi zwee Bouwe schloen dem Papp no. Rezent konnt de Mark Sëlwer bei der Europameeschterschaft zu Budapest gewannen. www.silverbacks.lu

RTL

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.