Wat bedeit deen Dag a wou ass den Ursprong?

An deene meeschte Länner gëtt Mammendag um zweete Sonndeg am Mee gefeiert. Ma wou kënnt dee Brauch hier a firwat gëtt a Lëtzebuerg am Juni gefeiert?
Anescht, wéi ee mat der haiteger Kommerzialiséierung menge kéint, geet de Mammendag op d'Antik an domat op déi al Griichen zréck, déi mat engem Fest zu Éiere vun der Rhea, der Mamm vum Zeus, de Mammekult gefleegt hunn.
De Mammendag, wéi et en haut gëtt, gouf allerdéngs vun der englesch an US-amerikanescher Fraebeweegung gepräägt. 1865 huet d'US-Amerikanerin Ann Maria Reeves Jarvis d’Mammebeweegung "Mothers Friendships Day" an d'Liewe geruff, wou sech Mammen ënnerteneen austausche konnten. Als Grënnerin vum haitege Mammendag gëllt allerdéngs hir Duechter a Methodistin Anna Marie Jarvis. Den 12. Mee 1907 huet d'Methodistin e "Memorial Mothers Day Meeting" zu Grafton an den USA organiséiert – um zweete Sonndeg nom zweeten Doudesdag vun hirer Mamm.
Nodeems doraus séier eng Traditioun gouf, huet d'Anna Marie Jarvies sech et zum Zil gemaach, en offizielle Mammendag anzeféieren. Dofir huet si eng Initiativ fir d'Aféierung vun engem offizielle Feierdag zu Éiere vun de Mamme lancéiert, mat där si Bréiwer u Politiker, Geschäftsleit, Geeschtlecher a Fraeveräiner geschriwwen huet. Schonn 1909 hate 45 Staaten an den USA doropshin de Mammendag agefouert. Deen éischte Mammendag, deen als nationale Feierdag gefeiert gouf, gouf et 1914.
Ma och weltwäit huet sech dës Traditioun séier verbreet. Spéitstens nodeems Groussbritannien d’Konzept vum Mammendag ugeholl hat, gouf de Feierdag och a Länner wéi der Schwäiz (1917), Finnland an Norwegen (1918), Schweden (1919), Däitschland (1923) an Éisträich (1924) agefouert.
Wéini genee de Mammendag zu Lëtzebuerg agefouert gouf, ass net gewosst, ma wat hei am Land opfält, ass, datt mir net um selwechten Dag wéi de Gros vun de Länner feieren. Dëst ass op d'Oktav am Mee zréckzeféieren. Fir z'evitéieren, datt de Mammendag sech domat iwwerschneit, gouf de Lëtzebuerger Mammendag op den zweete Sonndeg am Juni geluecht. Dëse fält awer trotzdeem och emol op Péngschten.
Ma och, wa Mammendag kee gesetzleche Feierdag ass, sollt een haut un all d'Mammen op der Welt denken an hinne Merci soen, fir hir Léift an all dat, wat si fir hir Kanner maachen. Dëst muss och net ëmmer mat engem Kaddo sinn. Vill Mamme freeë sech schonn doriwwer, mat hire Léifsten zesummen ze sëtzen.