Um Ufank vum 19. Joerhonnert, mat der Eisebunn a mam Dampschëff, koum de Massentourismus. D'Welt entdecken an aner Leit a Kulturen kenne léieren.

Eppes, dat eis Mënschen nach ëmmer faszinéiert huet. Hautdesdaags am 21. Joerhonnert, stellt ee sech do awer seng Froen, wat dat ganzt Reese mat eisem Planéit mécht.

Eleng schonn den Transport mécht en Ënnerscheed. Flitt een elo mam Fliger an d'Vakanz, huet dat vill méi e groussen Impakt op eisen CO2-Foussofdrock, wéi eng Rees mam Auto oder mam Zuch. D'Juliet Kinsman ass eng englesch Expertin am nohaltege Reesen. Fir si wier et ganz kloer, dass "lues" reesen d'Zukunft wier. Och dass ee sech ëmmer genee iwwerleet, wiem een seng Suen an der Vakanz gëtt, wäert an Zukunft d'Reegel ginn. Also an hiren Aen ëmmer léiwer klengen, privat geféierte Betriber, déi sech besonnesch engagéieren, fir nohalteg ze sinn.

"Ech mengen d'Barrière fir vill Leit ass, ganz normal, Zäit a Suen. An déi gesinn nohalteg Reesen als méi deier a méi ëmständlech un. An ech mengen, et ass méi wichteg sech bewosst ze sinn, wéi vill méi flott et ass, méi lues ze reesen. An ech mengen, et fënnt een ëmmer eng Léisung, fir et méi abordabel ze maachen. Méi lues Reesen ass eng gutt Saach. Eng Destinatioun einfach richteg erliewen."

Si war hei zu Lëtzebuerg fir eng Konferenz an huet iwwer nohaltegt Reese geschwat. Zäit also och fir d'Lëtzebuerger Betriber, déi am Tourismus schaffen, ënnert d'Lupp ze huelen. Fir si ze encouragéieren, huet de Wirtschaftsministère schonn zanter 1999 eng Ëmweltauszeechnung verdeelt. Den Eco Label Lux gëtt vum Ökozenter verwalt a soll d'Tourismusbetriber motivéieren, fir méi nohalteg ze schaffen. Den Ament huet all 10. Betrib aus der Branche schonn dëse Label. Dat sinn am Ganzen 43 Stéck. De Retour wier positiv, seet d'Isabelle Schummers vum Oeko Zenter.

"Wat mir awer gesinn, ass, wann d'Betriber bis eng Kéier déi Ëmstellung gemaach hunn an den Eco Label hunn, da bleiwen se jorelaang dobäi, well se mierken doduercher kann ech verschidden Käschten reduzéieren. Mä et ass och eppes, wat d'Personal an awer och Clientë schätze kënnen. Dat heescht, ech géif soen, dass een net an éischter Linn doduercher direkt méi Clientë kritt, mee ech mengen et kritt een eng méi grouss Gäschtzefriddenheet."

An och d'Betriber, déi mir eis ëmkucke waren, si sech eens, dass et fir si e groussen Atout ass, an dass et virun allem och d'Zukunft vum Tourismus an hiren Aen wier, seet zum Beispill den Ian Vermeulen. Hie bedreift zu Buerschent en Camping.

"Mir gesinn all, wat an der Welt lass ass. A mir sinn hei och e Betrib an da musse mir kucken, wat mir selwer och kënne maachen, fir eng besser Welt. Wou kënne mir spueren a wéi kënne mir och de Leit bewosst maachen, wat si verbrauchen an dowéinst war dat fir mech eng grouss Motivatioun fir dat och ze maachen. A sécher och nach, dass ech nach 40 Joer hei schaffen, da musse mir och fir déi nächst Generatioun en gudde Camping hierstellen."

An eiser Ëmfro, déi mer op RTL.lu gemaach hunn, hunn 48 Prozent uginn, datt hinnen d'Nohaltegkeet bei der Vakanz egal ass. 40 Prozent passe schonn drop op, fir nohalteg ze reesen.