De René Metz bitzt a senger Fräizäit Mini-Montgolfièren
Dem René Metz seng Passioun sinn d'Modellballonen, also änlech wéi eng Montgolfière.
Si sinn awer e gutt Stéckche méi kleng a fir se ze steieren, brauch een net matzefléien. Dës Ballone bitzt hien a sengem Atelier Doheem. De René wollt selwer schonn ëmmer emol mat enger Montgolfière fléien. Den Dokter huet him awer dovunner ofgeroden an sou ass hien du bei d’Modellballone komm. Aacht Stéck huet hien der bis ewell selwer a sengem Atelier selwer gebitzt. Zwee anerer huet hie vu Professionelle bitze gelooss, well déi awer e gutt Stéck méi opwenneg waren. Dës Ballonen hunn nämlech d’Form vum Superjhemp an och dem Fräschkinnek.
Fir sou e ronnen a faarwege Ballon fäerdeg ze kréiem, brauch hien an der Moyenne eng 6 bis 8 Wochen a schafft dann awer all Dag um Projet. Vill Hëllef kritt hien och vu senger Fra. Déi zwee fueren zesummen op Meetingen duerch ganz Europa a fléien dann do mat anere Begeeschterter mat hire Ballonen. Dem René seng Fra ass ëmmer dobäi an assistéiert wou si kann.
Vum Prinzip hier funktionéieren déi heite Ballonen och d'selwecht wei déi grouss, just datt de Pilot vu Modellballone mat den zwee Féiss um Buedem bleift an net am Kuerf matflitt. Eng Virschrëft ass awer, datt een de Ballon ëmmer muss gesinn.