Et handelt et sech ëm e Puer, datt d'Basket-Legend am fënnefte Finall-Match am Joer 1997 als Chicago-Bulls-Spiller géint d'Utah Jazz unhat.

An dësem Match huet den Jordan 38 Punkten a 44 Minutte gemaach an an de leschte Sekonnen den decisiven Dräier fir d'Bulls markéiert, esou datt si de Match zu Salt Lake City 90:88 gewannen a sech en 3:2-Avantage an der Best-of-Seven-Serie erausspille konnten. Am Match dono, deen zu Chicago gespillt gouf, hunn d'Bulls den Titel gefeiert an den Jordan gouf zum MVP gewielt.

Virun 10 Joer goufen dës Puer Schong eng éischte Kéier verkaf. E fréiere Mataarbechter vu Utah Jazz hat se an d'Vente ginn a si hunn deemools fir bal 96.000 Euro de Besëtzer gewiesselt.