Am Live Planet People geet et e Freideg ëm nohaltegt Kachen, eng Hip-Hop-Party, de "Self e STEAM" an e Spill ëm d'Lëtzebuerger Sprooch.

D'Anne Faber fiert elo mam Bulli duerch Däitschland a preparéiert gutt Mäifelcher mat vergiessenen Iesswueren. Zesumme mam Streetstyle-Dänzer Moses Mwanjelwa reest hatt duerch Ostfriesland, op d'Schwäbesch Alb, an d'Saarland oder op den Nordstrand. D'Missioun ass et, mat Produiten, déi ee bal net méi an der Kiche fënnt, e Menü ze preparéieren, dee séier gemaach ass a bal näischt kascht. D'Resultat vum Anne a Moses hire Reesen kann ee vun elo un a 5 Episoden um däitsche Fernseesender ARD gesinn.

RTL
RTL

De Weekend vum 24. a 25. Juni ass "Block Party" an de Rotonden. Gefeiert gi 50 Joer Hip-Hop. Eng Beweegung, déi an de 1970er an de Bronx zu New York opkomm ass, an dunn hire Wee aus de  Ghettoen erausfonnt huet. Den Hip-Hop-Festival konzentréiert déi ganz Zeen op enger Plaz mat Graffiti, Danz, Beatboxing, RAP an DJing. Donieft sinn Expoen, Workshoppen, Performancen, Kompetitiounen, Konferenzen an et gëtt e grousse Maart mat Objeten zum Thema.

RTL

De Joao Martins huet déi zweet Editioun vum "Self e STEAM" lancéiert an invitéiert dëse Samschdeg op d'Final an den CNFPC zu Esch. Nodeems et d'lescht Joer e Kit gouf, mat deem eenkleng Robotere bastele konnt, waren déi lescht zwee Méint kleng Hobbybasteler a Knécheler gefuerdert, fir aus engem Kit, deen an enger Pizzakëscht geliwwert gouf, eng innovativ a kreativ Jickebunn ze bauen. Den Challenge gouf vu ville Jonken ugeholl an d'Final ass e Samschdeg vun 12 bis 18 Auer am CNFPC. Ugebuede ginn och Atelieren an deenen et ëm Léiden, Lasercut an 3D-Drock geet.

RTL
RTL

d'Magalie Simon huet mam Sebastian Geis e Gesellschaftsspill ronderëm d'Lëtzebuerger Sprooch entwéckelt. "Muckefuck" ass e flott Spill an deem et ëm vergiesse Wieder geet. Zwee Joer gouf heiru gedoktert. D'Spill gouf dann och vum ZLS Korrektur gelies a verbessert, éier et elo an de Butteker verkaf gëtt.

RTL
RTL