Dëse Samschdeg huet sech eng Pizzeria zu Esch eng éischter ongewéinlech Aufgab gestallt.

An der Rue de l'Alzette huet de Restaurant Cloud Factory probéiert, een neien nationale Rekord fir déi längste Pizza opzestellen. 100 Meter laang war déi beléiften italieenesch Spezialitéit, un där d'Ekipp vum Restaurant vun 8 bis 12 Auer geschafft huet.

Um Menu: 100 Kilo Pizzadeeg, 600 Kilo Tomatenzooss a 700 Kilo Mozzarella. Duerno war d'Pizza fir de Public accessibel.