Pharrell Williams feiert Debut als Louis-Vuitton-Designer

© AFP/Robyn BECK
En Dënschdeg presentéiert den US-Museker an neierdéngs Fashion-Designer bei Louis Vuitton, Pharrell Williams, seng éischt Kollektioun vun der Luxusmark.
Am Februar ass jo bekannt ginn, datt de Williams bei Louis Vuitton de verstuerwene Virgil Abloh als Kreativ-Chef fir d'Häre-Moud ersetzt, elo stellt hien en Dënschdeg seng éischt eege Kollektioun op der Fashion Week zu Paräis vir.
D'Gäscht kruten hir Invitatiounen zur Show e Méindeg, de Faarwen no z'urteelen, kéint Giel am Pharrell Williams senger Kollektioun, déi eegenen Aussoen no "Lovers" als Theema huet, dominéieren.
Dem Sänger säin Debut an der Moud-Zeen gëllt als eng vun den am meeschten erwaarte Kollektioune vun der ganzer Fashion Week. Experten erwaarden e kommerziellen Erfolleg.