
An der Chamber gëtt e Mëttwoch de Moien um 9 Auer iwwer eng Petitioun diskutéiert, déi eng Stäerkung vum Lëtzebuergesche fuerdert.
D'Lëtzebuergescht soll Integratiounssprooch sinn a jiddereen, deen hei wunnt oder schafft, misst obligatoresch Lëtzebuergesch léieren. Méi wéi 8.200 Leit haten dës Petitioun ënnerschriwwen. Bei 5.500 Ënnerschrëfte kënnt et jo zu engem ëffentlechen Debat.
Och eng aner Petitioun huet déi néideg Ënnerschrëfte beieneen, fir datt iwwert dee Sujet an der Chamber diskutéiert gëtt. An dëser gëtt gefuerdert, datt d'Waffegesetz reforméiert gëtt a Pefferspray an net-déidlech Mëttel zur Selbstverdeedegung erlaabt ginn. Dat wann ee volljäreg ass a sech nach ni eppes zu Schued komme gelooss huet.
Pefferspray a Schreckschosspistoule sollen also méiglech sinn. Et kéint ee sech um "Klenge Waffeschäin" inspiréieren, deen et an Däitschland gëtt, proposéiert de Petitionär.
5.557 Leit hunn dës Petitioun bis ewell ënnerschriwwen an et bleiwen nach 15 Deeg, fir se ze ënnerstëtzen.