Beim Sarah Ferguson gouf Broschtkriibs festgestallt

© AFP Archivbild
Bei enger Routine-Ënnersichung krut d'Herzogin vu York d'Diagnos Kriibs a gouf virun e puer Deeg och schonn operéiert.
Dat huet de Porte-parole vum Sarah "Fergie" Ferguson e Méindeg matgedeelt. Bei der 63 Joer aler Herzogin gouf bei enger routineméisseger Mammografie eng fréi Form vu Broschtkriibs diagnostizéiert.
Weider heescht et, dass si och schonn operéiert gi wier, mat Succès. "D'Herzogin kritt déi bescht medezinesch Versuergung an d'Dokteren hunn hir gesot, dass d'Prognos gutt ass. Si erhëlt sech bei hirer Famill."
Si géing all e medezinesche Mataarbechter, déi si an de leschten Deeg ënnerstëtzt hunn, e grousse Merci ausschwätzen. Si wier och dem Personal, dat un der Mammografie bedeelegt war, immens dankbar. Si hätt och eng symptomfräi Krankheet a gleeft drun, dass hir Erfarung d'Bedeitung vu reegelméissege Kontrolle verbënnt.
Den Agrëff war virun e puer Deeg am "King Edward VII's Hospital", enger Privatklinik am Zentrum vu London. Do sinn och schonn aner héichrangeg Membere vum brittesche Kinnekshaus behandelt ginn, zum Beispill déi verstuerwe Queen Elizabeth II.