Kinnek Charles wëll Streidereie mam Harry aus der Welt schafen

Dat behaapten Insider vun der brittescher kinneklecher Famill. Zanter e puer Joer gëtt et jo béist Blutt tëscht béide Parteien.
Vill Leit hate geduecht, datt d'Buch, wat den Harry am Januar erausbruecht hat an dat den Titel "Reserve" dréit, d'Faass zum Iwwerlafe bruecht an eng méiglech Versönung ausgeschloss hätt. Ma vill brittesch Royal-Experte si sech sécher, datt de Kinnek alles dofir géif maachen, datt erëm Fridden tëscht der kinneklecher Famill an der IT-Koppel Harry a Meghan géif herrschen.
De Richard Palmer, ee vun dësen Insider, hat a senger Live Sendung "The Daily Express' Royal Round Up" gesot, datt den Charles den Harry a seng Fra nees géif an hirer Mëtt begréissen. "Ech mengen, ëmmerhin ass hie ganz beméit drëm, fir de Gruef tëscht der Famill ze reparéieren", esou de Palmer, dee sech awer och bewosst ass, datt d'Bezéiung zum Harry ganz fragil wier. De Kinnek Charles hat säi Bouf déi lescht zwou Kéieren, wou dësen a Groussbritannien war, net gesinn.
A sengem Buch "Reserve" hatt den Harry jo verschidden Hannergrënn opgelëscht an déi kinneklech Famill zum Deel a kengem gudde Liicht dostoe gelooss.