Dës Woch geet et am Live! Planet Peopleëm d'Special Olympics World Games, den Alpinismus an den ESC.

De Jorge Pinto ass vun de Special Olympics World Games zu Berlin mat enger Goldmedail am Basket heemkomm. Déi Lëtzebuerger Delegatioun war a 6 Sportaarte vertrueden. Am Dëschtennis, Bocce, Schwammen, Basket, der Liichtathletik an dem Vëlo. Apaart spannend war et am Basket, wou d'Lëtzebuerger Basketekipp sech knapp mat 11:10 géint Däitschland duerchgesat huet. D'Freed war grouss iwwer d'Victoire an domadder d'Goldmedail. De leschte Sonndeg sinn d'Special Olympics World Games op en Enn gaangen. 6.500 Athletinnen an Athleten aus 176 Natiounen hu sech a 26 Sportaarte matenaner gemooss a si mat vill Souveniren an Andréck Heem komm. D'Weltspiller zu Turin sinn 2025.

RTL

D'Diane an de Reinhold Messner hunn zesummen d'Buch 'Sinnbilder' erausbruecht, dat si nächste Freideg signéiere kommen. Bei engem Fest huet d'Lëtzebuergerin Diane Schumacher d'Biergsteiger-Legend kennegeléiert. Déi zwee hu sech anenaner verléift. D'Diane ass a Südtirol geplënnert a se hu sech bestuet. Nieft dem private Gléck schaffe si awer och zesummen. Enn Mee hu si am Nepal e Sherpa Musée opgemaach, am Hierscht d'nächst Joer gëtt en neie Messner Mountain Musee zu Sextn opgemaach, dat mam Thema 'Fels' a si setze sech permanent fir nohalteg Projeten an. Hiert gemeinsaamt Buch signéiere si e Freideg, de 7. Juli um 17 Auer am Café vun der Librairie Ernster an der Belle Etoile.

RTL

Den Johnny Logan weess wéi et geet, fir den ESC ze gewannen. Den iresche Sänger a Komponist, deen 1954 an Australien gebuer ass, huet 1980 mat 'What's Another Year' ofgeraumt. 7 Joer méi spéit huet hie sech nees presentéiert an huet op en Neits mat "Hold me now" déi meeschte Punkte fir Irland geholl. Donieft huet hien 1992 d'Lidd "Why me" fir d'Linda Martin komponéiert an och do hu si sech beim europäesche Gesangsconcours ënner all den Natiounen duerchgesat. Dëse Samschdeg um 20.30 Auer ass hien zu Mamer op der Place de l'Indépendance fir e Gratis Open-Air-Concert.

RTL