Ënnerwee an de frësch renovéierte Bock-Kasematten
D'Bock-Kasematte gehéieren zanter bal 30 Joer zum Unesco-Weltkulturierwen. Sinn eng vun den Haaptattraktiounen am Land.
Zanter kuerzem kann een d'Bock-Kasematten och rëm kucke goen. Dräi Joer gouf hei geschafft. Un der Beliichtung, den Accès fir d’Rettungsdéngschter gouf verbessert an d’Gelännere méi héich gemaach. D’Bock-Kasematte sinn all Dag op an entféieren een an d’Geschicht vun der Stad Lëtzebuerg.
Den Hubert Glesener ass zanter 43 Joer Guide beim Luxembourg City Tourist Office. De pensionéierte Mathésproff hëlt eis gär mat op déi Plaz am Bockfiels, déi hie bis haut am meeschte faszinéiert. Déi markant Lächer am Fiels, duerch déi d’Kanoune schéisse konnten, ware fréier vill méi kleng. Si goufe gesprengt an doduerch militäresch onnotzbar gemaach. Dat huet misse geschéien, wéi Lëtzebuerg 1867 en neutrale Staat ginn ass.