D'Landwirtschaft presentéiert sech dëse Weekend nees zu Ettelbréck ronderëm d'Däichhal.

D'Bauerestad feiert dës Joer déi 40. Editioun vun der Foire Agricole. Méi wéi 300 Exposante sinn dëst Kéier mat dobäi. Haut de Moie war de gewinnte RDV fir d’Schoulklassen, mat ronn 3.000 Schoulkanner. Wat viru 1983 Joer nach en Event reng fir d’Acteuren an der Landwirtschaft war, ass Haut e beléiftent Fest fir vill Lëtzebuerger.

D'Foire Agricole soll an éischter Linn en Austausch bidden tëscht dem professionelle Secteur an dem Grand Public. E natierleche Wandel, deen iwwer d’Jore geschitt ass. “Wann ee weess, datt nëmmen nach 1.500 Bauerebetriber hei am Land sinn an datt mir d’lescht Joer 45.000 Visiteuren haten, da weess ee jo, datt déi net alleguerten aus der Landwirtschaft kënne kommen”, gëtt ee vun den Organisateuren, de Michel Santer, ze bedenken. “Et ass esou, datt mir eis gewandelt hunn zum Rendez-vous vun der Landwirtschaft zesumme mam Konsument.”

Dës Joer kënnen d’Visiteure déi verschidde Produzente ganz nei um Produzente-Maart an der Däichhal entdecken. En neit Konzept, dat zesumme mat der Campagne "Sou schmaacht Lëtzebuerg" ausgeschafft gouf.  "Et ass e Parkour duerch Lëtzebuerg", erkläert de Michel Santer. "Dat geet vum Wënzer, iwwer Drëppen, awer och Champignonen oder Quinoa. Also e ganze Koup Produzenten, déi sech do duerstellen, a wou ee kann engersäits Produite kafen an awer och mam Produzent schwätzen. Well dat Wichtegst ass jo déi Informatioun, wou kritt een dat hier a wéi gëtt et produzéiert."

D’Organisateuren hunn dës Joer iwwerdeems d’AntiGaspi-Charta vum Landwirtschaftsministère ënnerschriwwen, wou dra steet, wéi d’Liewensmëtteloffäll op Fester kënne reduzéiert ginn. Domat ass d’Foire Agricole deen éischte groussen ëffentlechen AntiGaspi-Event. Fir de Logo kënnen ze benotzen, muss een op d’mannst 10 vun de 15 Mesurë kënnen ëmsetzen. D’Veräiner géifen an deem Sënn ënnert anerem hallef Portiounen ubidden, esou de Jeff Boonen. Och hien ass un der Organisatioun vun der Foire bedeelegt. “D’Organisatioun vun de Liewensmëttel gouf och esou gemaach, datt wa se net gebraucht goufen, se zeréck bei de Marchant kënne goen. Do gëtt et e ganze Koup Critèren, déi d’Veräiner mussen erfëllen, fir manner Liewensmëttel ewechzegeheien.”

Nieft de sëllege Presentatioune stinn iwwert de Weekend och Kachshows an eng Table Ronde ronderëm de "Sécheren Transport an der Landwirtschaft" um Programm.  D'Foire Agricole ass e Samschdeg an e Sonnden vun 9 Auer u fir de Publique op.