48 Meter breet, 15 Meter déif an 18 Meter héich. Méi grouss an dat extra fir de Robbie.

Iwwer 17 Camionen hunn déi zweetgréissten transportabel Bün aus Europa op Lëtzebuerg geliwwert, 70 Tonnen am Ganzen. 4 Deeg brauch déi iwwer 50 Kapp staark Crew, fir dëse Koloss aus Stol an Aluminium opzeriichten an dat uechter déi ganz Welt. Geliwwert gëtt ganz der Rei no, dat, wat als éischt muss opgeriicht ginn, kënnt och als éischt mam Camion un, soss gëtt et Duercherneen. Als éischt ass de Bün-Buedem un der Rei, dëse muss natierlech exakt am Niveau stoen. Duerno gëtt d’Struktur fir den Dag uewendrop montéiert. Da ginn déi 15 meter héich Tierm mam Kran ageflunn, 8 Stéck am Ganzen. Wann d’Gerüst bis steet, d’Géigegewiicht en Place ass an d’Baatsche vum Dag all agezu sinn, fänkt dëse lues un erop ze fueren.

Réischt den Dag virum éischte Concert gëtt Technik agehaangen. D’Boxen, Ecranen a Luuchte ginn installéiert. Alles gëtt um Buedem zesummegesat an da mat Moteuren héich gezunn. Virdru mussen déi sougenannte Rigger an d’Héicht. Déi speziell ausgebilte Klotermaxe klammen ënnert an och op den Daach, fir op statesche Punkte stole Seeler fest ze strécken. Do kënnt spéider d’Laascht, un deene sech d’Motore mat den Troussen eropzéien.

14.000 Kilo VoltAmpere un Elektresch gëtt gebraucht, fir déi sëllege Luuchten un d’Blénken an d’Wackelen ze kréien a fir d’Musek ze amplifiéieren. Dat ass och néideg, fir dass och de Leschte vun de 16.000 Leit, déi maximal op de Site passen um Enn vun den 12.000 m2 genuch héiert.

Och soss ass vill Logistik néideg. Iwwer déi ganz Woch vum Montage wiisst déi ganz Ekipp, déi un der Organisatioun an dem Opbau bedeelegt ass, bis op 800 Leit erun, an déi sinn hongereg. „Kiloteller“ seet den Hans vum Catering, géingen d’Häre vu Megaforce sech maachen. Dat ass déi Ekipp, déi responsabel ass,  fir de Montage vun der Bün.

Esou gëtt den Dag vum Event och extra ee Runner engagéiert, een, dee just do ass, fir wann de Star een Extrawonsch huet a séier mol bei der Grossiste flitze kann.

Iwwer déi ganz Woch gi sech fir all Concerten tëschent 10.000 an 15.000 Visiteuren erwaart. Den Tram virun der Dier packt 400 Leit an enger Kéier an d’Frequenz gëtt extra fir den Event an d’Luucht gesat. Esou gëtt dann och geroden, op dësen zeréck ze gräifen a Parkhaiser ronderëm d’Luxexpo unzesteieren, falls een awer wëlles huet, mam Auto ze kommen.