Den 12. Mee 2023 krut de Fred Mersch 50 Joer, och wann hien an der Reegel net gäre Gebuertsdeeg huet, wollt hie sech en Dram erfëllen.

Et sollt en onvergiessleche Challenge ginn an du war d’Iddi gebuer,f ir bannent engem Joer de Sommet vu 50 4.000 Meter héije Bierger ze erreechen. Ënnert anerem de Mont-Blanc oder Matterhorn zielen zu deene bekanntste 4.000er. Alles an allem ginn et där an den europäeschen Alpen eng 82 Stéck. Bei dësem Projet begleet hien ëmmer 1 vu 4 Kolleegen, déi Loscht haten, en Deel vum Challenge ze sinn. Den Ufank vu sengem Gebuertsdagskaddo u sech selwer war awer net sou gutt gelaf, well schlecht Wiederkonditiounen dofir gesuergt hunn, datt hien am Mee bannent zwou Woche just 4 Bierger konnt maachen. De Problem war einfach, datt d’Lawinegefor immens grouss war, soubal d’Wieder gutt ginn ass. Dofir ass een nees Heem komm an zanter e Méindeg ass de Fred dann elo nees an de Bierger ënnerwee a misst e Freideg uewen um Mont-Blanc stoen. Bannent de Summerméint mussen der elo sou vill wei méiglech gemaach ginn, eleng am August sollen et bis zu 25 Sommete sinn, déi hie wëll beklammen. Fir, datt hien awer och bannent puer Wochen all Dag sou e 4.000er kann eropklammen, brauch et awer och vill Training. Wann hien zu Lëtzebuerg ass, geet hien all Dag zwou Stonnen an de Fitness a schafft u senger Cardio a Muskulatioun. De Mierscher huet en ambitiéise Projet an Ugrëff geholl, ma hie setzt alles drun, fir den 12. Mee 2024 déi 50 Bierger ofgehaakt ze hunn.