Am Maislabyrinth zu Lëntgen

© RTL
Op engem Terrain vun ongeféier zwee Fussballterrainen huet d‘Landjugend Zenter de Grand-Duché nogeséit, an dofir op modern Technik zeréckgegraff...
Wien am Summer gären an der Natur ass an dobäi och nach eppes erliewe wëllt, fir deen huet d‘ Landjugend Zenter zu Lëntgen e Maislabyrinth ugeluecht, dat vun elo bis an de September op ass. dat ganzt mat nach där enger oder anerer Iwwerraschung.
De besonnesche Clin d‘oeil gesäit een allerdéngs just vun uewen. O p engem Terrain vun ongeféier zwee Fussballterrainen huet d‘Landjugend Zenter de Grand-Duché nogeséit, an dofir op modern Technik zeréckgegraff, erkläert de Christian Zimmer, President vun der Landjugend Zenter. „Fir de Mais ze séien ass een Expert aus Däitschland komm. Deen hat e Quad mat enger extra Maschinn, wou da mat "Precision farming" déi ganz Käre gesat ginn. Dofir gouf eng Kaart um Computer erstallt, fir dass d‘Kären nëmmen dohi kommen, wou se och solle kommen.“
Um Enn vum Summer gëtt de Mais gehäckselt an als Véihfudder benotzt. D‘Labyrinth läit net wäit ewech vun der Lëntgener Gare an ass iwwer d‘Vëlospiste z‘erreechen. Wien de Wee duerch d‘Labyrinth fënnt, an all d‘Stempele vum "Stempel-Spill" sammelt, kann eng Iwwerraschung gewannen.
Mat enger klenger Entrée vu 4 Euro fir déi Jonk respektiv 6 Euro fir Erwuessener wëllt d‘Landjugend hir Keesen opbesseren a gläichzäiteg méi eng ökologesch Alternativ zum Méidreschercross ubidden, woufir se jo éischter bekannt ass. 40 Jonker hunn iwwer 3 Méint un der Entwécklung matgeschafft. Mat Quizfroen an Info-Tafele sollen d'Visiteuren och eppes iwwert d'Landwirtschaft gewuer ginn.
Iwwregens: Wie sech traut, d'Labyrinth ass och nuets op.