D'Actrice Vicky Krieps huet "Reesbegleedung" gespillt

© Maison du Grand-Duc
Den 10. an 11. Juli war den däitsche Bundespresident Frank-Walter Steinmeier zesumme mat senger Fra Elke Büdenbender op Visitt am Grand-Duché. Net eleng.
Mat un der Säit war nach en anert bekannt Gesiicht: d'Vicky Krieps. D'Actrice ass op Invitatioun vum Bundespresident als Reesbegleedung mat op Lëtzebuerg komm. D'Lëtzebuergerin wunnt jo zu Berlin.
Nach mat dobäi am Grupp ëm de Steinmeier waren nieft dem Grand-Duc a senger Fra, den Educatiounsminister Claude Meisch, de Journalist Ranga Yogeshwar an den Auteur Guy Helminger.
Op d'Fro, ob ee mat engem Politiker wéi dem Frank-Walter Steinmeier, nieft dem straffe Programm och perséinlech ka schwätzen, sot d'Lëtzebuerger Actrice, dass en Echange, wann och nëmme kuerz Momenter, méiglech war.
D'Visitt zu Lëtzebuerg stoung jo am Zeeche vun der neier Verfassung, déi jo zanter dem 1. Juli a Kraaft ass. Donieft verbënnt Lëtzebuerg an Däitschland eng "enk Frëndschaft". Mir hunn d'Vicky Krieps gefrot, wéi et ass, zu Berlin ze liewen. Spiert een d'Stëmmung, déi de Moment géint Riets geet?
Wisou ee Riets denkt, kann d'Actrice net verstoen, awer novollzéien. Et wéist een net, wat nach kënnt. "AI, Internet, alles geet méi schnell. Klimawandel... an dat mécht Angscht. An d'Mënschen, déi Angscht hunn an net genügend educéiert sinn, déi gi Riets. Riets heescht 'wéi kann ech dat, wat ech hu schützen? Wéi kann ech mech protegéieren?' Dat ass am Fong rietsgewannt", sou d'Vicky Krieps. "Deen eenzegen Tool, dee mer hunn, ass d'Educatioun."
An hiren Aen ass déi eenzeg Manéier, wéi de Staat an d'Politik dem Vollek kann d'Hand reechen, ass, andeems se am jonken Alter de Leit eppes bäibréngen oder hinnen eppes un d'Hand ginn, wat sech sécher ufillt an eent d'Gefill huet, ech sinn net eleng.
All déi nei Technologië ginn esou séier an et kéint een net domat ëmgoen, andeems ee weider auswenneg léiert oder versicht, an iergendwellech Këschten ze passen. Et géif drëm goen, "interdisziplinär ze denken", dass ee muss léieren, "sech upassen an z'improviséieren am Denken" an dozou gehéiert "kreatiivt Denken". Dat ass och eppes, wat den däitsche Bundespresident wëll de Leit nobréngen, seet d'Vicky Krieps.
Lénkt Denke läit der Actrice eegenen Aussoen am Blutt, wat sécher och un hire Wuerzele läit, ëmmerhin war de Grousspapp sozialistesche Minister. Dat huet sécher och eng Roll op der Visitt gespillt an de Geescht vun hirem Bopi wier ëmmer iergendwéi present. Dozou huet d'Vicky Krieps nach gesot, hire Liblingsausdrock wier "vun der Long op d'Zong":
"Ech soen, wat ech denken. An ech fäerten net, ze soen, wat ech denken. An ech mengen, dat ass eppes, wat vläicht am Kär lénks ass. Well Lénks kënnt jo vun den Aarbechter, déi gesot hunn 'mech gëtt et och an ech hunn e Recht z'existéieren an hunn e Recht och nuets iergendwou schlofen ze goen'."