De Messi gëllt als ee vun de beschte Futtballer vu senger Generatioun, wann net esouguer vun allen Zäiten.

Et kënnt dowéinst och ganz seele vir, datt et engem Futtballer geléngt, dem Lionel Messi de Ball tëscht de Been erduerch ze schéissen, hien "ze tunnellen" oder, wéi een am Englesche seet, "to nutmeg".

Nodeem de Futtballsuperstar awer bei Inter Miami offiziell virgestallt gouf, dat virun dausende vu Fans, huet sech et den argentinesche Weltmeeschter awer net huele gelooss, e klengen Tour mat der Famill iwwert de Wuess ze maachen a sech de Fans ze weisen. Heibäi huet dem Messi säin 10 Joer ale Bouf Thiago e Ball entdeckt an dëse mat op de Wee geholl.

RTL

Wéi säi Papp d'Atmosphär agesaugt an d'Fans begréisst huet, huet den Thiago säi Moment gesinn, fir dem grousse Futtballstar fir kuerz Zäit d'Show ze klauen: Hien huet säi Papp getunnellt. Begeeschtert vu senger Leeschtung huet den Thiago d'Äerm gehuewen a sech gefeiert. De Messi selwer war kuerz iwwerrascht iwwert de Ball tëscht senge Been, huet awer séier erausfonnt, wien den Täter war... E kuerze Bléck an e klengen Highfive a scho war d'Situatioun fir den Ausnamesportler geléist.

De komplette Video vun der Presentatioun